GEMENGEROT RAMMERICH vum 12.November 2013 : FROEN UN DE - TopicsExpress



          

GEMENGEROT RAMMERICH vum 12.November 2013 : FROEN UN DE SCHÄFFEOT VUN DER LSAP FRAKTIOUN RAMMERICH Pärel: 1) Wat waren d’Konklusiounen no dem versprachene Contrôle vum Schäfferot ulässlich der Januarsëtzung 2013 a punkto däer vun Elteren vu Schoulkanner ugefroten Installatioun vun zousätzliche Stroosseluuchten um vill ze däischteren Schoulwee am Hierscht a Wanter an der “rue des Champs , grad ewéi och an deem Zesummenhank d’ Fro wat d’Beleuchtung moies fréi am Hierscht a Wanter ronderëm de centre culturel a punkto verbessert Sécherheet bäi der Bushaltestell vum Schoultransport betrëfft? Rammerich: 2) Firwat krueten déi eng Leit an der Schwiddelbroucher Strooss d’Erlabnis fir virum Haus eng Bordüre ze setzen, an aanerer krueten esou eng Installatioun virun hiirem Haus verbueden? Foulscht: 3) Watfir eng Décisioun hat deen aktuelle Schäfferot a punkto Neibau vun engem Prouw-a Versammlungsraum fir dee Foulschter Gesangveräin virum 15.4.2013 geholl, soudass den 1.Schäffen laut Pressebericht während der dësjähriger Generalversammlung den Teilnehmer a senger Ried Folgendes konnt mattdeelen a verspriechen (Pressenzitat) : “ Schöffe Unsen gab anschliessend Erklärungen über den bevorstehenden NEUBAU eines Proben-und Versammlungssaales in Folscheid, was auch beim Chor auf grosses Augenmerk stiess...!? 4) Wir et vun der Logik hier, a besonnesch och aus Käschtegrënn an deem Zesummenhank nit éischter ubruecht dem lokale Gesankveräin deen heitigen Prouwsall vun der lokaler Musikgesellschaft als Prouw-a Versammlungsraum zukünftig z’iwwerloossen, d.h. wann deNeibau um Centre culturel fäerdig gestallt ass? Ueschdref : 5) Ass eng Parkplatz fir handicapéiert Leit beim Centre Culturel virgesinn, an kinnt och d’Entrée vum Lift gudd sichtbar gekennzeechnet gin, well Leit mat Rollstull gin meeschtens fir d’éischt durch d’Haaptentrée fir dann awer ze gesinn, dat si nit bäi den Lift kommen well den Durchgang do ze schmuel ass ? Roumicht : 6) Gouf deen aktuelle Schäfferot entretemps schon vum Maarteler Schäfferot an d’Bild gesat, dass duerch een do geplangten gréisseren Wunnprojet op belschem Terrain deementspriechend awer och gréisser Inzidenzen op déi gemeinsam Kläranlag op lëtzebuerger Terrain kinnt no sech zéien? 7) Op der Sturmskoll sin no Ofrappaarbichten just nach den Turm vum “monte-charge” an dat kleng Gebäi vum Elektrowierk stoe bliwwen. Gedenkt den Schäffenrot dës zwou Konstruktiounen als ‘Denkmal’ un déi deemolig Leekoll och an Zukunft stoen ze lossen respektiv déi néidig Entretiensmossnahmen heibäi och z’ënnerhuelen ? 8) Um Parking hannert dem Syndikatsbüro as bis elo nach näischt ënnerholl gin a punkto anzeechnen vun de neie Parkplaazen, respektiv sin do souguer déi zwou reglementéiert Plaazen fir handicapéiert Leit och nach ëmmer nit nei sichtbar gekennzeechnet. Wat as éischtens d’Ursaach vun deem Retard , matt Referenz a Rappel op eis Fro am Geméngerot vum 30. Juli 2013, an zweetens, gedenkt de Schäfferot dës Aarbichten kuerzfristig an Ugrëff ze huelen? 9) Am regionalen Magazin “Synergie” vum September 2013 konnt ee noliesen, datt de Schäffenrot zesummen mam Leadergrupp Réiden-Wooltz eng (oder mei ?) ‘Table(s) ronde(s) mat de Betrieber aus eiser Gemeng dëst Joer organiséiert hat. Wéivill Entreprisen aus eiser Geméng hun dodrun deelgeholl, wat waren déi gemeinsam oder eenzel Konklusiounen vun dësen Entrevuen, a gëtt et heivun och ee schrëftlichen Résumé, Rapport oder Procès verbal deen d’Conseilljhéen kinnten als Copie zougestallt kréien? DIVERS: 10) Gedenkt de Schäffenrot ulässlich zukünftige Wahlen all Büroen an eiser Gemeng a Gebäier sou z’installéieren, dass si och fir Leit déi entweder op eng “Gehhilfe” oder op ee Rollstull ugewise sin fir si accessibel ze maachen, a soumadden besonnesch och rutschig a geféierlich Trapen kënne vermeiden , respektiv dann mam Lift kënnen ropfueren wa ee solchen installéiert ass? Matt deem Respekt deen sech heibäi opdrängt verbleiwen Myriam PICARD a Marcel MAACK LSAP Gemengeconseillers’en
Posted on: Sat, 09 Nov 2013 11:49:16 +0000

Trending Topics



Recently Viewed Topics




© 2015