Resumé vum Dag : De Video vun deem Zuchaccident gëschter zu - TopicsExpress



          

Resumé vum Dag : De Video vun deem Zuchaccident gëschter zu Saint-Jacques-de-Compostelle, bei deem 80 Leit ëm d’Liewe koumen, ass den Horror ! D’Firma ieCrowd fabrizéiert elo e Patch géint d’Moustiquen. On n’arrête pas le progrès. De Springer Verlag verkeeft elauter vun sengen Zeitungen, ënnert anerem « Hörzu », d’ « Bild der Frau », d’«Berliner Morgenpost » an d’ « Hamburger Abendblatt ». Enger britescher Etude no ass ee mat 23 Joer a mat 69 Joer am glécklechsten. Wat mengt dir, ass dat esou? Den George Bush senior huet sech all d’Hoer vum Kapp raséiert, aus Solidaritéit zum Jong vun engem vun senge Bodygarden, dee mat 2 Joer eng Leukemie huet. An de Monopoly schéngt sech net gutt bei de Kanner vun haut ze verkafen, dofir huet Hasbro e.a decidéiert, d’Case « Prisong » ze suppriméieren fir dass d’Spill méi séier fäerdeg ass… dat ass anscheinend dat, wat haut gefrot gëtt.
Posted on: Thu, 25 Jul 2013 17:18:09 +0000

Trending Topics



Stainless Polished
ANIVERSÁRIO DE 1 ANO DA NIGHT LIFE PRODUTORA MC YOSHI - MC

Recently Viewed Topics




© 2015