Resumé vum Dag: Hien huet Cannabis gefëmmt viru senge Kämpf a - TopicsExpress



          

Resumé vum Dag: Hien huet Cannabis gefëmmt viru senge Kämpf a wollt awer net erwëscht ginn. Dofir hat de Mike Tyson e falsche Zizi an der Box wou proppere Pippi dra war. Wat een awer Saache gewuer gëtt an Autobiografien... VW muss 2,6 Mio Autoen zeréckruffen wéinst diverse Problemer. Dganzt Land schwätzt vun der Art a Weis wéi een sech zu Käerjeng begréisst. DVëlkerverstännegung ass net ëmmer einfach... D’Belsch verkeeft seng 25% Participatioun un der Fortis. Bei der BGL BNP Paribas hei am Land sinn se liicht nervös. Wéi huet een den Owend elo richteg gesot : wann de Bauer Guy eng Moss op der Telé kësst, da sinn eis Medien voll dovun, wann esou eng wichteg Noriicht aus der Belsch kennt, da schéngt dat hei keen z’intresséieren. Ass dat esou ? A fir eng Bäilag iwwer di däitsch-franséisch Relatioun huet de Monde eng Foto gemaach, wou Sosiën vu Merkel an Hollande zesummen am Bett Kaffi drénken. DFoto ass excellent!
Posted on: Thu, 14 Nov 2013 20:07:37 +0000

Recently Viewed Topics




© 2015