Resumé vum Dag : an, hutt der de Weltmännerdag all gutt gefeiert - TopicsExpress



          

Resumé vum Dag : an, hutt der de Weltmännerdag all gutt gefeiert gëschter ? Mir hunn deen Dag excellent gefeiert, mat guddem Wäin ;). Ah tiens, de Bommeleeërprozess ass nach ëmmer net fäerdeg. Ech mengen, ech hat deen e bëssen vernoléissegt. Mee et ass awer ëmmer nees erstaunlech, dass souvill Jorzéngte méi spéit ëmmer nach nei Zeien optauchen, déi sech nach un eppes konkretes erënneren. Ween huet do Drock op d’Zeie gemaach fir dass se soulaang de Mond halen ? Mengt dir, dass de Bommeleeër nach fonnt gëtt ? Schlecht Nouvelle fir d’Amateure vu belschen Béier : de Grupp AB InBev huet haut ugekënnegt, dass hire Béier vu Februar un ëm 2 cent/Glas am Duerchschnëtt méi deier gëtt. 2 Damme vun New York hunn en ultra-resistenten « Shorty » (dat ass wuel eng Mëschung aus Short an ënnescht Béxelchen) erfonnt : wann der deen un hutt, kennt der net vergewaltegt ginn : de Stoff ass net ze zerrappen an et brauch een e Sécherheetscode fir en auszekréien. Di Erfindung ass ewell e mega Buzz an den USA. Wat fréier den Dr Sommer Team war, ass elo den Eldo : si soen iech, wéi een am beschte Schluss mécht. Do steet dann e.a., et soll een dat net per sms maachen an : « Et leit net un dir, et leit u mir! ass dee schlëmmste Saz dee bei esou engem Gespréich fale kann. ». Hmmm, mee wann ech Schluss maachen, da läit et jo mol u mir well ech keng Loscht méi hunn oder net ? Oh mei, dat ass alles scho laang hier ;). Besser, ech schalten nees em op den 100 komma 7…. Do war iwwregens e ganz interessante Face-à-face de Moien iwwert d’Cargolux. Invitéen waren 2 Gewerkschaftler. Schéinen Owend !
Posted on: Mon, 04 Nov 2013 16:16:17 +0000

Trending Topics



Recently Viewed Topics




© 2015