Wosst du, dass ongeféier 22% vun den Aarbechtslosen zu - TopicsExpress



          

Wosst du, dass ongeféier 22% vun den Aarbechtslosen zu Lëtzebuerg ënner 30 Joer al sinn? Bal ee Véirel vun allen EuropäerInnen am Alter zwësche 15 a 24 Joer sinn aarbechtslos. Mir wëllen net enger ganzer Generatioun d‘Hoffnung op Zukunft klauen. Mir fuerderen, d‘Problemer un de Wuerzelen ze paken. Mir brauche méi Chancë fir déi Jonk! déi jonk gréng sti fir: - konsequent Ëmsetzung vun der „garantie jeunes“ - Ausbau vun der Ausbildungs- a Berodungsoffer - eng Gesamtschoul fir jidderee bis zum 16. Liewensjoer - méi politesch Bildung an demokratesch Entscheedungsstrukturen an onse Schoulen - eng nohalteg a sozial gestaffelt Bourse fir ons Studenten
Posted on: Mon, 07 Oct 2013 18:18:16 +0000

Trending Topics



Recently Viewed Topics




© 2015